Durchsuchen

CAI

Den “Centro de Atención a Adolescentes en conflicto con la ley” as de Jugendprison vun Cuenca. Dodran befannen sech emmer ongefeier 60 jugendlech männlech Strooftäter tescht 15 an 18 Joer. Hir Haft kann tescht 1 Mount (am Fall wu se just eppes klenges geklaut hun) an 4 Joer (am Fall vun Mord oder Vergewaltegung zum Beispill) daueren. D’Fundación Somos Familia huet sech lescht Joer op de Jugendprison ausgebaut fir do eng Schoul opzemaachen. Sait Juni 2012 gin Kueren gehaal an am Februar 2013 gouf d’Schoul legaliséiert, d.h. offiziell unerkannt. Sou kennen d’Schüler am Prison hir Étuden nohuelen an se, nodeems se fraikommen, weiderféieren. Am Jugendprison hun ech de Groussdeel vu mengem Volontariat geschafft, als Englesch- a Franséischproff.

Di éischt Keier sin ech mam Javier erangaang, fir mer et eng Kéier unzekucken. Et war di éischt Kéier iwerhaapt, dat ech an e Prison gaang sin, an ech war zimlech nervös. Ech konnt mer guer net richteg fiirstellen wéi et dobannen wier an wéi di jugendlech Häftlingen op mech reagéieren géifen. Et war en aalt Gebai mat just engem Stack, engem Bannenhaff an futtisen Maueren. (No e puer Méint giff de Prison an e neit, modernt Gebei geplennert gin.) Duerch d’Entrée koum een direkt an de Bannenhaff, wou mer e puer Jongen d’Hand gin hun, déi dobaussen souzen. Dun sin mer an de Klassesall gaang, wou d’Schüler um Buedem souzen e Film ze kucken. De Paúl, den deemolegen Responsablen vun der Schoul am Jugendprison huet mech ugekennegt an mer gesoot ech sollt mech firstellen. Gott sei dank hun d’Jongen gesoot, ech sollt mech op Englesch firstellen vu dat ech Engleschproff wier. Op Spuenesch hätt ech deen Moment naischt sennvolles erauskritt. Et war e komeschen Moment, mee d’Jongen hun positiv reagéiert an waren gud gelaunt. Nodeems ech e bessen iwer mech gezielt haat (eng ecuadorianesch Volontairin huet hinnen op Spuenesch iwersaat), hun ech mech bei se gesaat fir de Film ze kucken.

An de nächsten Deg hun ech mer d’Kueren nach ugekuckt an no enger Woch hun ech selwer als Proff ugefaang. An der Schoul waren em di 30 Schüler op 4 Joergäng opgedeelt. Si waren alleguer an deem improviséierte Klassesall mat wéineg Schoulmaterial. Um Ufank hun ech just dem héichsten Joergang Engleschkueren gin, daat waren just 3 Jongen. Ech war erstaunt, wéi roueg si waren. Si hun net gestéiert, waren, am Géigendeel, zreckhaalend an hun gud opgepasst. Ech haat heiandsdo Problemer fir mech op Spuenesch auszedrecken, fir hinnen verschidden Saachen ze erklären, mee fir de Rescht goufen et keng Problemer. Mir hun mat den elementalsten Saachen ugefaang, I am, you are, etc. an sin lues awer secher weiderkomm. Et gouf keen virgeschriwwenen Kuer, ech misst also selwer d’Matière bestemmen. Lues a lues hun ech och aaner Joergäng iwerholl an hun ugefaang och Franséichkueren ze gin. Ech hu festgestallt, dat se um Franséichen méi intresséiert waren, daat war mol eppes Neies, mi Aussergewéinleches fir si. No engem Mount hun ech all de Klassen Kuer gin. Daat war zimlech ustrengend, zumols well d’Schoul nach net richteg strukturéiert war, mir haaten keen festen Horaire an ech krut spontan Klassen zougedeelt, sudass ech mer och spontan misst Kueren iwerleen. Et misst een flexibel sin. An di aaner, méi grouss Klassen waren net sou roueg wi déi, di ech um Ufank haat. Trotzdem war et emmer méiglech Kuer ze haalen, ech war iwerrascht ze gesin, dat se alleguer respektvoll mat de Volontairen emgaang sin. Verschiddener hun sech zwar geweigert eppes ze léieren, mee daat as och de Fall an all normaler Schoul.

En traditionnellen Danz opgefouert vun de Jugendlechen am Prison

 

Mir sin awer net nemmen an de Jugendprison gaang, fir Kueren ze haalen, et as och drem gaang, ausserhalb vum Klassesall Zait mat de Jongen ze verbrengen. Ech war e bessen zreckhaalend, ech wosst net wéi se mech ophuele géifen, waat ech soen sollt, an ech hun mech geschummt fir main Spuenesch. Mee ech hu lues a lues gemierkt, dat d’Zreckhaalung net néideg an och net firdeelhaft as. Et as wichteg hinnen natierlech an oppen entgéint ze kommen. Et geet drem, se normal ze behandlen, hinnen nozelauschtren an ze weisen dat een se respektéiert. Dann respektéieren se een och. No 6 Méint Arbescht am CAI kann ech soen, dat ni een mech beleidegt huet, dat ech ni mat engem eeschthaft Problemer haat. Obwuel ech e waisse blonden Europäer sin, mat engem Brell vu Ray Ban an geleegentleche Sproochproblemer. Verschiddener waren vlaicht messtraueg um Ufank, mee wann een sech e bessen kennegeléiert huet, war daat kee Problem méi.

An lues a lues mierkt een, dat se een schätzen, dat se gär mat engem schwätzen, fir sech ofzelenken vun där Realitéit an där se sech befannen. Ech hun mat hinnen Fussball an Volleyball gespillt, Filmer gekuckt, Armbännecher gemaach,… Sou hun ech mech un se gewinnt an gewessen Virurdeeler, déi ech vu Prisonéier haat, ofgeluecht. Et as een net direkt e schlechte Mensch, well een am Prison as. Ech hu verstaan dat een se net sou einfach jugéieren kann. Et muss een emmer bedenken, aus welche Verhältnisser se kommen. Dat vill vun hinnen eng schwéier Kandheet haaten, mat haislecher Gewalt a Messbrauch. Dat vill vun hinnen op der Strooss grous gin sin. Dat se ni eng gud Erzéiung kruten. Dat se vu klengem un mat Drogen konfrontéiert goufen. Si sin glaichzaiteg Täter an Opfer. An et as heiandsdo beandrockend ze gesin, dat deen, deen sou en Liewen huet, awer nach kann léif sin, kann laachen an d’Saachen positiv gesin.

An deem Moment as et och wichteg den Ennerscheed ze maachen tescht Baussen an Bannen. Oft kennt et fir, dat se am Prison léif, roueg an soziabel sin, an wann se fraikommen gewalttäteg an recksichtslos. Baussen as en aanert Liewen. Bannen as et u sech einfach. Och wann et net schéin as agespaart ze sin, hun se awer regelméissegt Iessen an e Bett, an se mussen sec h em naischt bekemmeren. Si mussen just daat maan, waat hinnen gesoot get. Baussen sin se op sech alleng gestallt an mussen selwer iwert hirt Liewen decidéieren. Si sin net gewinnt, en gereegelt Liewen ze féieren, ze schaffen fir hir Suen, well se daat ni geléiert goufen. En plus gin et all déi Verféierungen, wéi Alkohol, Drogen, d’Méiglechkeet ze klauen etc. Bannen gin se vun deenen Verféierungen verschount. Si mussen och keng Gewalt uwenden fir ze iwerliewen. An deem Moment kennt hir gud Sait eraus.

An geleegentlech kann een dann vergiessen, dat se Strooftäter sin, dat se net fir naischt am CAI sin. Et as mer oft schwéier gefall ze gleewen, well verschiddener sou sympathesch sin, dat ech hinnen daat net zoutrauen konnt. Vun villen wosst ech net, firwaat se an de Prison komm sin. Mee wi ech gesoot krut, waat verschiddener gemaach hun, war ech zimlech perplex. Do sin net nemmen Jongen, déi geklaut oder gedealt hun, mee och Mörder a Vergewalteger mat pedophilen Neigungen (mat 16 Joer!). Wann een daat gewuer gett, as et schwéier déi Persoun nach normal ze behandlen. Automatesch distanzéiert een sech.

Et kann een oft beobachten, dat déi rouegst an zereckhaalendst Jongen déi sin, déi di schlemmste Saachen gemaach hun. Et gesait een hinnen oof, dat se veronsechert sin well se e schlecht Gewessen hun oder sech schummen. Heiandsdo léist eng Strooftat net nemmen en Trauma am Opfer mee och am Täter aus. Mir Volontairen sin keng Psychologen, déi daat behandlen kennen. Mee mir kennen hinnen hellefen, andeems mer op se zougin, mat hinnen schwätzen an hinnen nolauschtren. Daat dréit dozou bai, dat se sech besser fillen, dat se sech rem schätze léieren an Selbstvertrauen gewannen waat se duerch hir Strooftat verluer hun oder vlaicht ni haaten.

D’Arbescht  am Jugendprison as also zimlech komplex an ambivalent. Et dierf een net ze vill distanzéiert sin, fir en Dialog opzebauen an eng Ambiance vun Vertrauen ze schaafen, et dierf een awer och net ze vill vertrauen, well een ni wessen kann, op e Jugendlechen éierlech mat engem as oder een manipuléieren well.

Am Kuer muss een gedelleg an opmierksam sin, op jiddereen perséinlech agoen, well jiddereen seng perséinlech Problemer huet déi bei sengem Behuelen am Kuer bemierkbar gin.

Eng aaner Schwieregkeet fir d‘Proffen besteet doran dat déi ganzen Zait Schüler fraikommen an Neier erankommen, soudass ech fir di Nei emmer rem de Kuer misst vun vir erklären. Daat war ustrengend an huet vill Nerven kascht. Zaitweis war ech demotivéiert an hun mech gefroot op meng Arbescht iwerhaapt eppes brengt.

Mee déi Momenter hu ni laang gedauert. Och wann een heiandsdo mengt, et wär sennlos, well een keng Besserung gesait, gin et awer, wann een genau hinkuckt, all Dag kleng Resultater. Di grouss Verännerungen kommen net vun engem Dag op den aaneren. Et as eng komplizéiert Arbescht, mee eng déi sennvoll as, an néideg. D’Schoul as eng Méiglechkeet fir d’Jongen, sech ofzelenken, Aggressiounen ofzebauen an d’Gehir ze stimuléieren. A vlaicht nach méi wichteg as d’Betreiung an Ennerstetzung déi mir de Jugendlechen bidden. An iwwert di Méint, wou d’Fundatioun schon am CAI aktiv war, as opgefall dat d’Jongen méi relax gin sin, sech manner streiden an manner fluchen. Mat de Leit vun der Fundatioun sin se oppen a frendlech, waat net emmer de Fall as mat de Fonctionnairen vum Prison. Verschidden Jongen bléien richteg op an der Schoul. Si sin flaisseg, an motivéiert fir rem an d’Schoul ze goen wann se frai kommen.

Et huet mer emmer Hoffnung gin ze gesin, dat d’Jongen menschlech bliwwen sin, dat se net komplett pervertéiert goufen duerch di Situatioun an där se geliewt hun. Keen vun hinnen as en hoffnungslosen Fall. De Problem as dat dobaussen keen hinnen méi helleft. Si fannen sech dobaussen erem, ouni Plang, ouni Suen, oft ouni Famill an Doheem. Logesch, dat se sou an daat selwescht Liewen zreckfaalen, waat se firdrun gefouert hun. D’Fundatioun as amgaang sech ze organiséieren, fir de Jugendlechen och eng Betreiung dobaussen ze bidden, fir eng Integratioun an d’Famill an an d’Arbeschtswelt ze erméiglechen, fir hinnen och dobaussen Schoulkueren ze gin, eng Drogentherapie wann néideg,… alles enner strenger Kontroll an gewessen Konditiounen.