Durchsuchen

CRSMC

Den “Centro de Rehabilitación Social de Mujeres de Cuenca” as de Fraeprison vun Cuenca. Somos Familia huet firun 8 Joer hir Arbescht am Fraeprison ugefaang an huet do firun 3 Joer d’Schoul José María Vélaz opgemaach wou d’internéiert Fraen kennen de Lycée nohuelen. Den 25. September 2012 as en neit Schouljoer ageweiht gin an ech hun ugefaang, Franséichkueren fir zwou Klassen, Denschdes a Freides, ze gin. Mi spéid krut ech och Engleschkueren zougedeelt.

Ech hun am Fraeprison méi spéid ugefaang wéi am Jugendprison, dofir war ech schon net méi sou nervös fir di éischt Kéier eranzegoen. Mee zelwescht wéi am Jugendprison wosst ech net, waat mech erwaarden géif, wéi d’Arbescht do laafen géif, wéi d’Schülerinnen mech ophuelen géifen. Ech hun un engem Denschden Moien mat der éischter Klass ugefaang, et waren 8 Schülerinnen vun ganz verschiddenem Alter. Daat as ongeféier vun 20 bis 50 gaang. Och fir déi Schoul gouf et keen firgeschriwwenen Kuer. Ech hun mer geduecht, et kéint een mat Erklärungen iwert franséich Betounungen ufänken, well daat besonneg fir spueneschsprocheg Leit net sou einfach as. Am Spueneschen liest een d’Wieder sou, wéi een se schreiwt, et gin keng Endungen eweschgeloos, an een Buchstaaw liest sech emmer zelwescht. En plus kennen se verschidden Téin net, wéi z.B. de franséichen „u“ an den „eu“. Mir hun also di éischt Kueren Betounungen geübt. An den zwou Klassen waren d’Schülerinnen ganz roueg, hun opgepasst an haaten Freed um Kuer. All Wuert hun se zesummen ausgeschwaat an hun sou laang probéiert, bis et richteg geklongen huet.

Ech war um Ufank e bessen onsecher. Et war en aanert Gefill wéi mat de Jugendlechen, do war ech méi aal wéi meng Schüler, hei war ech de Jengsten. Mee meng Schülerinnen hun mech vun Ufank un respektéiert. Si sooten dat hinnen Franséich gefaalen géif, well et schéin klengt, an well mer am Kuer relax maan an naischt iwerstierzen. Et misst een och hei op jidereen eenzel agoen fir seng Stärkten oder Schwächten ze gesin an ze akzeptéieren. An méi héijem Alter kann et deemnowéi eng Erausfuerderung sin rem an d’Schoul ze goen, et léiert een net méi sou einfach bai. Et dierf een och ni vergiessen a wéienge Konditiounen d’Fraen do léieren. Si sin agespaart a getrennt vun hiren Famillen, déi et oft schwéier dobaussen hun, well d’Kanner ouni hir Mamm mussen auskommen an well d’Geld feelt. De Fraeprison as en aalt Gebei deen net fir déi Unzuel un Prisonnéier gemaach as, déi en am Moment ophellt, sudass d’Fraen op enkem Raum mussen zesummenliewen. Daat verursaacht Uspannungen, Stress an schlecht Laun. D’generell Stemmung deen een am Fraeprison beobachten kann as also méi ugespaant wéi am Jugendprison. D’Jugendlech hun net déi Suergen, mat deenen d’Frae geploot sin, si hun méi Plaaz bannen, hun meeschtens net fir eng Famill dobaussen ze suergen an hun keng sou laang Stroofen ofzesetzen.

Trotzdem sin d’Kueren mat de Fraen méi roueg an disziplinéiert. En groussen Firdeel fir de Proff am Fraeprison as, dat d’Schülerinnen net andauernd wiesslen wéi am Jugendprison. D’Klass as vum Ufank bis zum Schluss vu mengem Volontariat quasi di selwescht bliwen. Daat mecht et wesentlech mi einfach Kueren ze gin. Et muss een net all Woch vu fir ufänken, well Neier an d’Klass komm sin. Et kennt een firun mat der Matière, et kann een sech besser preparéieren, kann Hausaufgaben gin, et kann een méi Fortschretter erzielen an et as een doduerch méi motivéiert.

No de Betounungsübungen hun mer mat de pronoms personnels a mam Verb être weidergemaach. Dono as d’Verb avoir drunkomm an dono regelméisseg Verben op –er. Mat all Verb hun mer  Vokablen gesin an Übungen gemaach fir Sätz ze bilden. Ech hun probéiert d‘Schülerinnen aktiv anzebannen, hun si Sätz firschloen gelooss an hun probéiert hinnen déi Vokablen ze gin, déi se intresséiren. Oft firun der Stonn hun ech se gefroot, waat se gär wessen wellen, dann sin mer heiandsdo vum Kuer ofgeschweift deen ech preparéiert haat. Si haaten emmer Froen, waat mech gefreet huet, well et hiren Intérêt gewisen huet.

Si haaten natierlech net nemmen Froen iwert de Kuer, mee wollten vun Letzebuerg wessen a vun aaneren Länner an Europa, iwwert d’Gewunnegten, d’Iessen, d’Musek etc.  No de Kueren sin ech oft eng Zait bliwwen, fir mat hinnen ze schwätzen. Si waren ganz oppen an gespréicheg an wollten och oft perséinlech Saachen wessen, ouni awer de Respekt ze verléieren. Just heiandsdo hun se mech awer an Verleenheet bruecht. Si hun mer och iwert hirt Liewen, d’Famill an d’Kanner gezielt, waat mech heiandsdo beréiert huet. Mat villen vun hire Kanner schaffe mer am Programm vun Miotracasa.

Leider as de soziale Kontakt awer net sou méiglech wéi am Jugendprison, wou een vill ausserhalb vum Klassesall mat de Jongen ze din huet. Am Fraeprison gin et méi streng Regelen, d’Fundatioun huet do net sou vill Fraiheeten. D’Volontairen haalen sech just am Klassesall op an gin och just eran fir Kuer ze haalen. Se gin och an der Entrée méi genau kontrolléiert. Sou as den vertraulechen Kontakt tescht Volontair a Prisonnéier mi schwéier.

Wärend mengem Volontariat hun 3 Fraen am Prison hiren Ofschloss gemaach. Et gouf eng Diplomiwerreeschung zu där d’Famillen vun den 3 Fraen an Staatsrepräsentanten agelueden goufen. D’Fraen kruten sou typesch Gewänner mat véiereckegen Hitt, wéi een se aus amerikanesche Filmer kennt. Se kruten hiren Diplom, et goufen Rieden gehaal an Fotoen gemaach. D’Famillen konnten Iessen eranbrengen an et gouf e Fest mat Musek. Se hun eis vun der Fundatioun agelueden fir z’Iessen an ze danzen. Deen Dag sin ech mat engem gudden Gefill aus dem Prison gaang, well et e frout Fest war wéi et och hätt kennen dobaussen sin. Et huet een ganz vergiess dat een am Prison war.

Et gouf och firun Kuerzem en negativen Virfall. Eng Internéiert huet sech beschwéiert, dat se net d’Versetzung an de Prison a Quito erlaabt krut, deen se ugefroot haat, well se vun do as an hir ganz Famill do huet. Si huet sech an eng Roserei eragesteigert mat där se aaner Prisonnéier ugestach huet, déi doropshin d‘Direktioun hannerfroot hun an eng méi gerecht Behandlung gefuerdert hun. Et as zu enger spontaner Revolt komm mat engem relativ groussen Materialschued. Et gouf awer keen verletzt. Arbeschtskollegen vun der Fundatioun konnten stonnelaang net eraus. Ech haat de selweschten Moien nach Kuer gehaal an sin 10 Minuten befir daat ganzt ugefaang huet erausgaang. Et huet en Groussasaatz vun der Police benéidegt, an vun de Pompier’en well e Feier geluecht gouf. Dono gouf 2 Wochen laang keen vun baussen an de Prison geloos. Wéi mer no den 2 Wochen rem erangaang sin, sin zwar d’Brandspueren an gebrachen Fensteren opgefall, mee d’Behuelen vun de Schülerinnen war net verännert.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 


Erstellen Sie Ihre Website gratis! Webnode