Durchsuchen

Mi Otra Casa

Mi Otra Casa, sou heescht d’Haus vun der Fundatioun daat an Racar lait, um Rand vu Cuenca. Et as e schéint, grousst Haus mat engem Klassesall nierwendrun, engem Gaart an enger breeder Wiss. An deem Haus get de Projet duerchgefouert, deen Somos Familia mat der Ennerstetzung vun der letzeboieger ONG ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) op d’Been gestallt huet. Somos Familia wollt hir Aktioun, déi sech op de Prison beschränkt huet, ausbauen fir déi behandlen ze kennen, déi am meeschten ennert der Realitéit vum Prison leiden: d’Kanner vun de Prisonnéier. Wann en Eltrendeel agespaart get, gin d’Kanner matbestrooft fir eppes waat se net begaang hun. Si bleiwen hellefloos zreck, ouni Ennerstetzung vum Staat. An ville Fäll mussen se bei aaner Familienmatglieder wunnen goen, Grousseltren, de Monni oder d’Tata, vun deenen se net onbedengt akzeptéiert gin. Vun de meeschten Kanner as d’Mamm déi, di agespaart as. Deemnowéi huet d’Kand seng Mamm ni ausserhalb vum Prison gesin, haat net d’Chance vun hir opgezunn ze gin. Dofir mierkt een an deenen Fäll e Besoin un Zouneigung an eventuell e gestéiert Sozialverhaalen.

De Projet leeft sait 2011. Emmer Denschdes an Mettwochs mettes gin d’Kanner vun der Schoul ofgeholl. D’Fundatioun huet dofir eng Kamionette an en Auto. Daat sin zwar wéineg Setzer fir all d’Kanner, mee si passen emmer iergentwéi eran. Am Moment huelen 30 Kanner tescht 2 an 12 Joer deel. Mi Otra Casa as mam Auto 20 Minuten vum Zentrum ewesch. Géint 2 Auer kommen se do un. D’Mettegiessen as schon prett. Dono gin se an de Klassesall, wou d’Volontairen mat hinnen d’Hausaufgaben maan. Dono gin Spiller organiséiert, et gett Sport gemaach a gebastelt.

 

 

Ech hun zesummen mat 8 aaneren Volontairen ugefaang, déi och nei waren. D’Kanner waren ganz oppen a virweltzeg fir di nei Volontairen kennen ze léieren. Et goufen keng Schwieregkeeten mat hinnen an d’Gespréich ze kommen. Mee natierlech hun se direkt gemierkt, dat ech net normal géif schwätzen an se hun mech gefroot firwaat. Wi se wossten, dat ech aus Europa wier, hun se ugefaang mer vill Froen iwert Europa ze stellen. Ech wosst den 1. Dag net genau, wéi de Programm oflaafe géif. Ech krut verschidden Regelen erklärt, déi d’Kanner anzehaalen hätten, wéi z.B. dat een an der Kamionette net iessen dierf, dat se virum Iessen d’Hänn wäsche mussen, noom Iessen d’Zänn, dat se am Klassesall net spille sollen, asw. Fir z’iessen waren mer all mat de Kanner un engem laangen Desch. Wi emmer beim ecuatorianeschen Mettegiessen get et och an Mi Otra Casa mettes eng Zopp an dono en 2. Gang mat Rais. Eng weider Regel as, dat d’Kanner alles opiessen mussen.

 

 

Noom Iessen gin d’Hausaufgaben gemaach. Et war nach net bestemmt, wéieen Volontair mat wéienge Kanner géif schaffen, jiddereen huet e bessen probéiert ze kucken, ween grad Hellef brauch an vun de Responsablen gouf een spontan bei en Desch gescheckt. Ech sin ronderem kucke gaang an hun d’Kanner gefroot op se Hellef brauchen. No enger Zait hun ech mech bei e Grupp vu Kanner gesaat, wou ech bis zum Schluss bliwwen sin. Obwuel et keng schwéier Aufgaben waren, war et fir mech awer net einfach hinnen ze hellefen, well ech mech net ganz kloer ausdrecke konnt an d’Kanner och net gud verstaan hun.

No den Hausaufgaben hun d’Kanner Fraizait fir ze spillen. D’Volontairen sin dofir zoustänneg, op se opzepassen, matzespillen oder Spiller ze organiséieren. Et gin net vill Spillsaachen, mee et as vill Plaaz am Gaart fir ze laafen, an et gin Bäll an Goler an der Wiss. Vill Kanner huelen sech dofir direkt e Ball fir Fussball ze spillen. Aanerer bleiwen léiwer am Sall fir ze moolen oder ze bastlen an aanerer kennen Spiller aus der Schoul. Well ech Fussball gär hun, hun ech den 1. Dag mat hinnen Fussball gespillt. Dofir muss een net gud schwätze kënnen an et muss een d’Kanner net gud kennen.

Um 5 Auer get et nach e Snack befir d’Kanner sech prett maan fir heem. Si gin een noom aaner mat der Kamionette doheem ofgesaat, di lescht Kanner kommen géint 6 doheem un.

 

 

De Programm vu Mi Otra Casa ennerscheed sech natierlech vun der Arbescht am Jugend- oder Fraeprison. Et as een dobaussen, et as méi eng locker Ambiance an et as een méi am Grupp. D’Kanner, wéi ech direkt iwerrascht festgestallt hun, sin oppen an frou. Mee hir perséinlech familiär Problemer gin awer mat Momenter daitlech, an et as net emmer einfach mat hinnen emzegoen. Mee de Programm bitt hinnen en Espace, wou se den Problemer an der Famill entkomme kennen, wou se kennen onbesuergt spillen, d’Kandheet genéissen an sech entwecklen. De Kontakt mat aaneren Kanner as e wichtegen Faktor, zumools well et Kanner sin, déi eng Gemeinsamkeet hun doduerch dat se all e Familienmatglied am Prison hun. Tescht hinnen gin et keng Firurdeeler, waat eventuell de Fall an der Schoul kann sin. Et entsteet eng Glaichheet, déi et de Kanner erlaabt, aus sech erauszekommen, ouni sech ze schummen oder ze färten. Et dréit dozou bai, hirt Selbstvertrauen an hirt sozialt Verhaalen ze stärken. Och de Kontakt mat Volontairen, déi se gerecht an passend behandlen, déi sech mat hinnen beschäftegen an sech fir se intresséieren, huet eng positiv Wierkung. Natierlech as et awer net emmer einfach als Volontaire ze wessen, wéi een se gerecht an passend behandelt. Generell sin d’Volontairen nach jonk an ouni vill Erfahrung. Do war ech natierlech mat abegraff. Mee d’Arbescht mat de Kanner erméiglecht engem gud an nötzlech Erfahrungen ze maachen, no an no léiert een iwert den Emgang mat Kanner, an desem Fall Kanner aus Problemsituatiounen.

D’Kanner passend ze behandlen heescht se altersgerecht an respektvoll ze behandlen. Oft kréien se doheem schon a jonkem Alter ze vill Responsabilitéit zougesprach, gin haart bestrooft an awer net belount. Passend Behandlung schléisst awer och Strengt mat an, fir de Kanner, deenen et oft un Respekt an Manéieren feelt, e bessert Verhaalen baizebrengen. De Volontaire soll dofir natierlech e Beispill fir d’Kand sin.

 

 

No e puer Deg hun ech meng Aufgab am Klassesall kannt. Ech war haaptsächlech fir zwee Jongen zoustänneg, Zwillingen vun 10 Joer. Ech misst och Aaneren hellefen, mee d‘Zwillingen haaten emmer vill Aufgaben an vill Schwieregkeeten, sudass ech mat hinnen di meescht Arbescht haat. Si waren immens léif, hun mech ganz natierlech opgeholl ouni sech ze wonneren, wéi aaner Kanner, iwert main Accent oder main Ausgesin, an hun mer emmer gefollegt. Mee si waren extrem ongedelleg. Si konnten net roueg setzebleiwen, wann se eng Fro haaten hun se net opgehaal mech ze ruffen wärend ech mat engem aaneren Kand beschäftegt war. Doduerch dat se net selbststänneg schaffe konnten, hun se meng voll Opmierksamkeet an andauernd Hellef gebraucht. Gott sei dank haaten di zwee emmer di selwescht Aufgaben! Oft war et ustrengend an si konnten mech extrem nervös maachen. Heiandsdo souzen mer nach am Klassesall wann all di aaner eraus spille gaang sin. D’Zwillingen sin heemgaang ouni gespillt ze hun, an ech war freckt. Mee ech konnt hinnen net béis sin, well se sech emmer Méi gin hun. Et huet mech och net demotivéiert, et war eng Erausfuerderung.

Mat der Zait hun ech verstaan, wéi ech mat hinnen schaffen misst. Mee trotzdem war et offensichtlech dat se eng Léierschwächt an Konzentratiounsproblemer hun. Daat huet wuel zu engem entscheedenden Deel mat hirer Liewenssituatioun ze din. Si kommen aus extrem arme Verhältnisser, an hun keen, deen hinnen hellefe kann beim Léieren. Hir Famill schafft nuets als „Recicléierer“, si gin Pubellen no Kartron, Plastik a Metall duerchsichen. D’Zwillingen an hir Geschwester hellefen och, sudass se nuets wéineg schloofen an an der Schoul net gud oppassen. Wéi ech eng Kéier mat op Visit bei si heem war, hun ech hirt ärmlecht Haus gesin, an deem se mat 10 Geschwester liewen.

Daat as een Beispill vun villen schockéierenden, wann et em d’Liewenssituatioun vun de Kanner geet. An Mi Otra Casa bléien d’Jongen op, sin frou, aktiv a kontaktfreedeg.

 

Fotogalerie: Kreschtdagsprogramm

E grousse Merci un all di Leit, di der Fundatioun eppes gespendt hun fir Kreschtdag. Mat ärer Hellef konnten mer de Kanner e schéint Fest mat Spiller an Cadeau'en bereeden.

 

 

Ech hun mech direkt gud mat de Kanner verstaan, wéineger vun hinnen waren zreckhaalend. Ech hun probéiert mat jidderengem a Kontakt ze kommen, fir keen ze befirdeelegen. Mee verschiddener gin méi op een an a brauchen méi de Kontakt mam Volontaire. Am léiwsten hun ech natierlech mat hinnen gespillt. Ech kennen zwar net vill Spiller, déi ech hätt kënne proposéieren, dofir hun d’Kanner mer Spiller baibruecht. Si hun sech schnell u mech gewinnt an et as eng frendschaftlech Bezéiung entstaan. Daat war virdeelhaft fir hinnen mi no ze kommen. Ech hun mech beim Spillen quasi rem an d’Roll vum Kand versaat an haat vill Spaass dobai. Aanerersaits misst een als Volontaire och eng gewessen Autoritéit vis-à-vis vun de Kanner hun. Oft as daat net sou einfach, verschidden Kanner follegen nemmen den Haaptresponsablen. Dann muss een sech als Volontaire heiandsdo beweisen, sech Respekt verschaafen, wann d’Kand seng Aufgaben net maache well, oder net iesse well. Waat daat ugeet hun ech mech um Ufank nach zreckgehaal, well ech mech mat mengem Spueneschen onsecher gefillt hun. Wann ech mech vertuddelt hätt, hätt d’Kand vlaicht éischter gelaacht, amplaaz mer ze follegen. Lues a lues hun ech mech awer secher genuch gefillt, an Fäll vu schlechtem Behuelen anzegraifen. Normalerweis konnt ech mech dun och duerchsetzen. Sou hun ech mat der Zait geléiert, wéi een sech als Volontaire an de verschiddenen Situatiounen verhällt, wéi een d’Balance tescht Frend an Autoritéit fennt. Obwuel et emmer nach Momenter gouf, wou ech net genau wosst, waat maan. Mee et as een ni alleng, mat de Kollegen huet een sech privat oder an Reuniounen berooden. Oft war d’Léisung net evident, well mat där Zielgrupp mat där mer schaffen, sensibel Themen obkommen kënnen an een sech gud iwerleen muss, wéi een handelt.

Fotogalerie: Ausfluch fir Fuesend

D'Fundatioun schafft net nemmen mam Kand, mee mat der ganzer Famill, ennerhalb wi ausserhalb vum Prison, wéi och mat de Schoulproffen. Et get sech mat de Proffen berooden an et gin regelméisseg Hausvisiten gemaach fir sech iwert d'Situatioun vum Kand ze informéieren. Doduerch get probéiert, sech op den familiären Aspekt ze konzentréieren, deen ausschlaggebend fir d'Entwecklung vum Kand as. Den Zesummenhalt vun der Famill get gefördert, d.h. en harmoneschen an verständnisvollen Emgang tescht de Familienmatglieder. Oft weist sech nämlech, dat d'Kand vernoléissegt get, als hoffnungslose Fall ofgestempelt get, vum Papp, vun der Mamm an vun de Proffen, an sou am fong alleng steet ouni iergenteng Ennerstetzung. D'Arbescht mat der Famill as dohir ganz wichteg.

An aus de Berichter vun de Visiten gin d'Resultater vun der Arbescht daitlech. Vill Elteren schwätzen vun enger Besserung vum Verhaalen vum Kand. Proffen mierken dass d'Noten eropgin. Et as generell en immens positiven Feedback, waat der Fundatioun emmer erem kloer mecht, dass d'Arbescht wichteg an noutwenneg as an dat een keen Kand dierf opginn.

 

 


Erstellen Sie Ihre Website gratis! Webnode