Durchsuchen

 

D’Fundación Somos Familia as an Cuenca, Ecuador aktiv. Si gouf 2005 zesummen mat der Aula de Derechos Humanos gegrennt, enger Institutioun vun der staatlecher Uni Cuenca, déi sech mat Menscherechtsthemen auserneen setzt. D’Fundatioun as entstaan, fir d’Theorie vun de Menscherechter an d’Praxis emzesetzen, an se huet de Prison fir hir Aktioun ausgewielt. Well am Prison fennt sech eng sozial Grupp zesummen, déi vun der Societéit ausgeschloss as, ennerhalb wéi ausserhalb vum Prison, an déi an ville Fäll kaum vun Menscherechter profitéieren kann. D’Situatioun an de Prisonen as lamentabel, si sin iwerlaascht an korrupt. Somos Familia huet hir Aktioun, déi aus Alphabetisatiouns- an Schoulkueren fir d’Prisonéier besteet, am Fraeprison ugefaang an dono op de Männerprison ausgebaut. Momentan as se net méi am Männerprison mee am Fraenprison an Jugendprison aktiv, wou se eng offiziell unerkannten Schoul etabléiert hun. Dozou kennt de Projet mat der letzeboiescher ONG ASTM, deen sech op Kanner bezitt, vun deenen en Eltrendeel am Prison as. D’Visioun vun Somos Familia as, der Zielgrupp d’Recht op Bildung ze erméiglechen an hinnen doduerch eng Chance ze gin, sech aus der sozialer Ausgrenzung ze befreien. Nierwt sozialer Integratioun as och eng familiär Restitutioun d’Ziel, well di betraffen Famillen an der Regel problematesch sin duerch déi Situatioun an där se sech befannen. Oft liewen se an engem Kontext vun Armut, Gewalt, Verbriechen an Drogen, deen sech nach verschlemmert, wann en Eltrendeel verhaft gett. Fir de Problem méi integral behandlen ze kennen, huet d’Fundatioun hir Aktioun op d’Kanner a Jugendlech ausgebaut.

D'Fundatioun besteet därzait aus 9 feste Matglieder, déi vun Volontairen vun der Uni Cuenca ennerstetzt gin.

Am Moment steet Somos Familia kuerz firdrun, nei Projet'en ze realiséieren, waat d’Betreiung vun de Jugendlechen ugeet, déi aus dem Prison fraikommen, an waat d’Médiatioun tescht de verschiddenen Familienmatglieder ugeet. De Büro vun der Aula de Derechos Humanos as mat Hellef vun der Uni ausgebaut gin an d’Fundatioun hofft, do Jugendlecher emfänken ze kennen, fir hinnen déi Schoulkueren weider ze gin, déi se am Prison kruten, fir se psychologesch ze betreien an hinnen ze hellefen, Uschloss an der Gesellschaft ze fannen.

Gruppenfoto vum Staff

Gruppenarbescht an enger Reunioun

Eröffnung vun engem neie Sall fir d'Aula de Derechos Humanos

Lenks am Bild den Direkter vun der Uni Cuenca an d'Direktrice vun der Aula de Derechos Humanos