Volontariat
Motivatiounen
Sait Joeren schon hat ech mer virgeholl, nodeems ech d’Première färdeg hätt, op Rees ze goen. Um Ufank war daat just en Draam, eng onkonkret Idee. Ech wosst net waat ech wou maache wéilt, mee ech wollt fort vun doheem fir eppes ze erliewen, aaner Saachen, Géigenden a Leit kennen ze léieren, op mech alleng gestallt ze sin, spontan ze goen wou ech Loscht hätt, an ongewinnten Situatiounen eenz ze gin…
Dat ech Latainamerika wéilt kenne léieren, war zimlech schnell secher, well deen Kontinent mech emmer intresséiert an ugezunn huet. Ech war awer just eng Kéier mat menger Famill op Kuba an d’Vakanz, méi hun ech vun Latainamerika net kannt. Mee déi Vakanz huet mech immens beandrockt, et war eng aaner Welt, ganz verschidden vun menger. Daat huet mer nach méi Loscht gin en aaneren Genre vun Liewen auszeprobéiren. Latainamerika as Land vum Amazonas, vun den Anden, vun éiweg waiten Landschaften, vun wonnerschéinen Plagen, vum Kaffi, vun der Musek a vum Danz… vun Kolonisatioun, vun Diktaturen, vun Revolutiounen a Géigenrevolutiounen, vun ennerdreckte Kulturen, vun indigène Völker, vun Ausgrenzung an Ausbeutung…
Fir déi raich Kultur, Mentalitéiten a sozial Problemer besser entdecken ze kennen an mech glaichzaiteg ze engagéieren, hun ech mech fir e Volontariat decidéiert. Fraiwelleg sozial Arbescht géif mer d’Saachen méi noo brengen, géif mer e bessert Verständnis an e méi responsabelt Handlen gin.
Eng Hütt am Oriente, mam Vulkan Sangay am Hannergrond
Preparatioun
Ech hun mech op d’Sich gemaach no engem Projet an Latainamerika, deen mech intresséiere géif an an deem ech mat menger wéineger Erfahrung awer eppes baidroen kéint. Well ech op enger Sproochesektioun war, hun ech geduecht, dat ech am beschten eng Arbescht siche géif, bei där meng Sproochekenntnisser nötzlech wieren. Ech hun mech fir d’éischt un den SNJ gewendt, well si Jonker encadréiren, déi als Volontaire aktiv welle gin. Den SVC, Service Volontaire de Coopération, deen den SNJ ubitt, erméiglecht engem, e Volontariat an engem Entwecklungsland ze maachen. Bis zu 12 Méint kann een dorun deelhuelen, an et gett een finanziell vum Staat ennerstetzt. D’Nadine Ruppert vum SNJ an d’Monica Fernandes vum Cercle de Coopération des ONG de développement hun mech dun berooden fir eng letzeboieg ONG ze sichen, déi mech an hire Projet am Ausland schecke keint. Et muss een sech iwert Projet'en informéieren an d’ONG mat där een schaffe well kontaktéieren fir sech als Volontaire ze bewerben. Ech haat glecklecherweis schon eng Bekannten, déi bei Terre des Hommes schafft. Si huet e Projet an Ecuador kannt, deen vun der letzeboieger ONG ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) mat der Fundación Somos Familia realiséiert gett. Deen Projet huet mech direkt ugesprach, well et eng Aktioun am educativen Beraich as, mat Kanner a Jugendlechen, an well d’Fundatioun mat lokalen Volontairen vun der Uni schafft. Terre des Hommes war och bereed, mech als Volontaire opzehuelen an an de Projet ze schecken.
Ech hun mech dun mam Direkter Javier Izco vun der Fundatioun an Ecuador an Verbindung gesaat, fir mech bei hinnen ze bewerben. Den Javier huet mech ganz positiv opgeholl, mir hun eis E-mailen geschriwwen, ech hun mech firgestallt an him meng Motivatiounen beschriwwen. Hien huet mer vill iwwert d’Arbescht erklärt an mech schon op de Volontariat preparéiert.
Eng aaner hellefraich Preparatioun war de Formatiounsweekend vum SNJ fir Volontairen. Do krut ech nötzlech Rotschléi an konnt aaner Volontairen kennenléieren.
De Javier an ech
Di eischt Wochen
Den 16. September 2012 hun ech dun de Fliiger fir an Ecuador geholl, fir e Volontariat bis den 1. März ze maachen. De Javier as mech mat 4 aaneren vun der Fundatioun op de Flughafen vun Cuenca siche komm. Mir as direkt opgefall, dat ech se ganz schlecht verstinn. Ech war an der Schoul zwar gud am Spueneschen, mee ech hu gemierkt, dat mer nach vill Praxis feelt, an dat d’ecuadorianescht Spuenesch och nach eng aaner Saach as. Sou war d’Kommunikatioun deen Owend nach net wierklech méiglech an ech hun mech gefreet fir no der laanger Rees auszerouen. Déi éischt Wochen géif ech beim Javier wunnen an subaal d’Kummer bei den Nooperen frai wier, géif ech dohin plenneren.
Den nächsten Dag huet de Javier mer e bessen d’Staad gewisen, d’Märt, d’Parken, d’Gebaier, d’Leit an huet mer zu allem Erklärungen gin. Hien hun ech besser verstaan, hien as Spuenier an huet dofir en Accent deen mer méi bekannt war. Dono huet e mer d’Aula de Derechos Humanos gewisen, e Büro an engem Universitéitsgebei an deem d’Fundatioun hire Setz huet. Ech hun meng zukünfteg Arbeschtskollegen getraff an probéiert mat hinnen ze schwätzen. Ech krut en Pult an e Computer zur Verfügung gestallt. Waat ech domat schaffe géif, wosst ech deen Moment awer nach net. Ech war e bessen iwerfuerdert, et war eng ongewinnten Situatioun.
Di folgend Deg krut ech di reschtlech Matglieder vun Somos Familia virgestallt an ech gouf ronderem gefouert an der Staad an op déi Plaazen, wou d’Fundatioun hir Arbescht mecht. Daat as zum engen Miotracasa, d’Haus vun der Fundatioun. Daat lait e Steck aus dem Zentrum vu Cuenca eraus. Do gett de Projet vun ASTM mat de Kanner duerchgefouert. An zum aaneren sin daat de Fraeprison (CRSMC) an Jugendprison (CAI). Ech krut alles gewisen an erklärt vun de Responsablen vun de jeweilegen Programmen an lues a lues as mer méi kloer gin, wéi alles leeft. An deenen Deg hun ech awer nach net geschafft, ech war emmer e bessen passiv, als „stiller Beobachter“ nierwendrun, ech wosst net richteg, waat ech maache sollt. Et war nach net genau bestemmt, an wéiengem Programm ech wéini waat schaffe géif. Ech sin just mat de Leit vun Plaaz zu Plaaz matgaang, an wann keen mech matgeholl huet, war ech am Büro. D’Arbescht war souwisou nach net richteg amgaang, d’Arbeschtskollegen waren beschäftegt mat de Preparatiounen well glaich d’Schouljoer géif ufänken. Ech hun mech an den éischten Deg also e bessen onnötz gefillt. Zwar net onwuel, well déi vun der Fundatioun ganz léif waren, mee ech wosst net waat maachen. Eng Hellef war ech hinnen net wierklech.
Aula de Derechos Humanos vun baussen a vun bannen
No 1, 2 Wochen huet daat awer schon bessen aanescht ausgesin. Mat de Responsablen vun de Programmen hun mer main Stonneplang zesummegestallt. Ech géif di meescht Zait am Jugendprison schaffen, wou ech Englesch- a Franséischkueren géif gin. 2 Deg an der Woch géif ech Franséisch am Fraeprison gin an am Programm mat de Kanner, deen emmer Denschdes a Mettwochs as, géif ech och hellefen. De 25. September huet d’Schouljoer ugefaang.
Ech hun mer e puer Saachen iwerluecht, déi ech an menge Kueren kéint maachen, mee ech wosst nach guer net, wéi Schoulstonnen an de Prisonen géifen ausgesin, no wéienge Methoden een als Proff firgeet, wéi d’Schüler schaffen, asw. Op jidde Fall krut ech gesoot, dat ech mat menger Matière mam Allereinfachsten misst ufänken. Doriwwer eraus sollten d’Klassen „sozio-educativ“ sin, et misst een probéieren de Kuer mat sozialen Themen ze verbannen an pedagogesch wertvoll Ennerhaalungen ze féieren. Wéi ech daat sollt maan sooten se mer awer net. Ech war keen Pedagog oder Psycholog an konnt mer net firstellen, wéi ech an elementalst Engleschkueren sozial Themen kéint aféieren. Dovir hun ech fir d’éischt mol probéiert hinnen d’Matière sou gud a korrekt wi méiglech baizebrengen. Nierwebai hun ech d’Schüler e besse kennegeléiert duerch kuerz Privatgespréicher. Och di aaner Volontairen hun ech do réischt no an no kenne geléiert. Am Büro war ech den eenzegen Volontair gewiescht. An all Programm hun tescht 5 an 12 Volontairen vun der Uni Cuenca geschafft. Verschiddener hun e Volontariat iwert e puer Méint gemaach, wéi ech, an aanerer hun d’Arbescht als Stage vun der Uni gemaach, deen obligatoresch as an 60 Stonnen dauert. Grad wéi ech hun se alleguer nei ugefaang.
Ech war opgereegt um Ufank vun menger Arbescht als Proff an ech hun gezeckt beim Schwätzen, zum engen weinst dem Spueneschen an zum aaneren well ech net wosst, wéi ech mat de Schüler/-innen emgoen misst, wéi een hinnen misst entgéint kommen a wéieng Themen een am beschten net sollt uschwätzen. Mee ech krut schnell d’Impressioun dat ech net zecke misst, dat een zimlech relax mat jidderengem schwätze kéint.
Cuenca vum Daach vu mengem Haus aus
Mee natierlech as et keen Gespréich ennert normalen Konditiounen. An de Prisonen spiert een emmer eng Spannung, et gin vill Konflikter ennert de Prisonéier, vill Aggressiounen a Messtrauen. Si kommen oft aus Verhältnisser, an deenen et noutwenneg as, messtrauesch ze sin, si sin gewinnt ze léien an Leit auszenotzen. Als Volontaire am Prison muss een also firsichteg sin. Et dierf een net ze vill vun sech verroden. Fir en Dialog ze starten dierf een sech net verschléissen mee et dierf een engem ni blann vertrauen. Och wann d’Gespréichspersoun léif an éierlech as – waat duerchaus de Fall kann sin obwuel se am Prison as – muss een oppassen. Et muss een Verständnis dovir hun, dat se engem net emmer d’Wourescht soen, well och si sech schützen wellen. Si kennen färten oder sech schummen. Oft hun se wéineg Selbstachtung.
Ech hun also lues a lues mat der Arbescht ugefaang an haat glaich keng Zait méi fir mech ze langweilen. Moies huet d’Arbescht um 8 oder 8:30 ugefaang, eng kuerz Mettegpaus, an där ech mat den Arbeschtskollegen an d’Kantin vun der Uni iessen gaang sin, an dono rem Arbescht bis 17:30 oder 18:00. Owes hun ech oft mam Javier a mam Gabriel (e Jong deen och beim Javier gewunnt huet) verbruecht, heiandsdo sin ech och mat Kollegen vun der Arbescht eppes iessen oder drenke gaang. No 2 Wochen sin ech dun bei meng Gastfamill geplennert, sou wéi daat vun Ufank un geplangt war. Daat as eng eeler Koppel mat hirem 17-jähregen Enkel, déi am Gebei nierwt dem Javier wunnen. Ech géif hinnen pro Mount e klenge Loyer bezuelen an dofir eng eegen Kummer an Iessen kréien. Si hun mech super opgeholl, sudass ech mech ganz schnell wéi doheem gefillt hun. D’Ruth, d‘Madam vum Haus, huet vill mat mer geschwaat. Si wollt all d’Arbescht fir mech maachen, ech misst drem streiden, fir meng Telleren spullen ze kennen.
Silvester mat menger Gastfamill
No e puer Méint
Ech hun also flaisseg geschafft fir menge Responsabilitéiten gerecht ze gin. Ech hun mech aktiv a kreativ an den drai Programmen agesaat, mech an d'Arbeschtsequip integréiert an un Reuniounen deelgeholl. Ech hun, vum Javier emmer ugedriwwen, kritesch Iwerleeungen zu den Themen an Programmen gemaach, an doropshin Proposen fir Verbesserungen gemaach. Vun den Arbeschtskollegen gouf ech als vollwertegt Matglied akzeptéiert.
Ech hun mech immens wuel gefillt an hun wéineg un meng Heemescht geduercht. Ech hun Letzebuerg komplett ausgeklaamert, fir mech just op Dohannen ze kozentréieren. D'Aliewen war natierlech enk verbonnen mat der Sprooch. Je besser ech mech ausdrecke konnt, desto méi einfach war et am Alldag eenz ze gin. Wi ech dun keng Kommunikatiounsproblemer méi haat, war de Kontakt op engem ganz aaneren Niveau méiglech. Aus den Arbeschtskollegen sin richteg Frenn gin, well mer eis su gud verstaan hun. An op der Arbescht konnt ech sou natierlech vill mi effektiv schaffen an nierwt de Kueren sennvoll Ennerhaalungen féieren. Och de Kanner konnt ech e besseren Nohellefproff an Spillkamerod sin. Ech hun mech no enger Zait emmer méi gefillt wi een vun hinnen. Emmer owes no der Arbescht sin ech mat den Kollegen vun der Arbescht bliwwen. Da sin mer zum Beispill en Chuzo - eng Art Fleeschspiess deen een bei Stänn op der Strooss kritt - iessen gaang, sin kulturell Eventer kucke gaang, oder hun eng Pilsener, den typesch ecuadorianesche Béier (mam ontypeschen Numm), gedronk.
Mir sin och oft weekends op Ausflich gaang. Ecuador as en villsaitegt Land, et gett vill ze gesin ronderem. De Javier an aaner Kollegen haaten emmer nei Plaatzen déi se mer weise wollten. Sou sin mer zum Beispill an den Djungel gefuer, op d'Plage, an d'Haaptstaad Quito oder an d'Naturreservat Cajas, daat direkt bei Cuenca lait.
Nationalpark El Cajas bei Cuenca
Ech haat meeschtens vill Spaass un der Arbescht. Natierlech goufen et och heiandsdo komplizéiert Momenter, Enttäuschungen oder Hindernisser. Daat as an där Arbescht net auszeschléissen. D'Zielgrupp vun der Fundatioun brengt eben Problemer mat, di een net emmer kontrolléieren oder virausgesin kann. Wi emmer gesoot get as all Kand eng eegen Welt, grad esou all Jugendlechen oder all Fra. Jidder Persoun brengt hir eegen Problematik mat, et geet drem se alleguer kennen ze léieren, fir d'Persoun ze verstoen an hir hellefen ze kennen. Daat verlaangt vill Engagement. An et kann emmer zu Reckschléi oder Nidderlagen kommen; wann zum Beispill en Jugendlechen aus dem Prison fraikennt, an rem an d'Drogen fällt; wann en Kand waat Besserungen opgewisen haat, sech rem aggressiv verhällt; wann eng internéiert Fra mat der Schoul ophällt... Subaal et aus der Reechwait vun der Aktioun vun Somos Familia fällt, gin et vill Risiken. Ennerhalb vun der Arbeschtszait an -plaatz muss daat dann rem opgeschafft gin. Gradsou kennen d'Reckschléi vun Fonctionnairen vun de Prisonen ausgeléist gin, well si oft aaner Methoden an aaner Virstellungen vun Rehabilitatioun hun wi Somos Familia. D'Zesummenarbescht as net einfach. An d'Onstemmegkeet as kontraproduktiv.
D'Arbescht as also net emmer positiv. Mee aus den eenzelnen Nidderlagen léiert een perséinlech an am Grupp. Et get een ofgehärt, wou een firdrun vlaicht ze liichtgleeweg war an et kritt een Verständnis fir d'Schwieregkeeten vun den Zielpersounen. An Reuniounen gin esou Saachen ausdiskutéiert vir eng Léisung ze fannen an rem nei Motivatioun ze gin. Sou hellefen d'Arbeschtskollegen engem emmer weider.
Ech war deen eenzegen Volontaire, deen an den drai Programmen geschafft huet, ech krut dovir e gudden Iwerbleck iwert all d'Aktivitéiten vun Somos Familia, duerch Reuniounen hun ech den institutionnellen Deel kenne geléiert.
No 6 Méint hun ech meng Arbescht dun ofgeschloss. An den 3 Programmen goufen et Abschiedspartien an och mat den Arbeschtskollegen an mat der Gastfamill gouf main Abschied gefeiert. Et waren immens beréierend Momenter, an et war schéin ze gesin, dat net nemmen di aaner en Impakt op mech haaten mee ech och op si. Ech krut handgemaachte Geschenker vun de Fraen am Prison, Gedichter an Lidder vun de Kanner an Jugendlechen. Mat de Kollegen sin mer op en leschten Ausfluch gaang. Et war en schwéieren Ofschloss.
Ech sin awer nach net direkt heem gaang, ech haat nach 2 Méint ageplangt fir ze Reesen. Ech sin duerch ganz Ecuador gereest, hun vill Leit kenne geléiert, sin op Bierger geklomm, hun an engem Vollek am Djungel gewunnt, sin a Kolumbien gaang... Daat war eng aaner Erfahrung, déi awer grad sou intressant an wichteg war wéi de Volontariat.
Den Emzuch vun der "Mama negra" zu Latacunga
Konklusiounen
Eppes, waat de Javier mer emmer soot, waat selbstverständlech klengt, deemnowéi net emmer einfach as, mee immens wichteg: et dierf een nii de Fehler vum Verglaichen begoen. Et dierf een net daat Emfeld an deem een sech befennt mat Kriterien beurdeelen di relevant sin am Emfeld aus deem een kennt. Well et as eng aaner Welt. Ecuador kann een net mat Letzebuerg verglaichen. An de Prison net mat der Fraiheet. Et muss een e gewessend Denkschema ofleen, fir Verständnis ze kréien an fir sech aliewen ze kennen. Daat heescht net dat een seng moralesch Werter vergiessen muss. Mee dat een eng aaner Kultur sou akzeptéiert wi se as. Eréischt mi spéid as mer richteg bewosst gin, wéi de Javier daat gemengt huet. Wi ech un d'Liewen dohannen gewinnt war, mech wéi doheem gefillt hun, an dun a Kontakt mat Touristen komm sin, déi sech iwwert alles beschwéiert hun, waat net hiren Usprech gerecht gin as. Daat as net just eng Froo vun Toleranz mee och vun Respekt.
Eng aaner Léier déi ech aus der Arbescht gezun hun, as mam Prison verbonnen. Virum Volontariat haat ech mech nii mat deem Thema befaast, ech hun mech nii gefroot, wéi et am Prison as, wéieng Leit dransetzen a wéi mat hinnen geschafft get. Et gesait een heiandsdo Filmer driwwer, mee et as natierlech eppes aanescht et matzerliewen. Ech muss soen, dat d'Arbescht mech wierklech "sensibiliséiert" huet. Si huet mat Virurdeeler opgeraumt, vun deenen ech net mol wosst, dat ech se hätt. Mee grad d'Ignoranz vermettelt engem gewessen Virurdeeler. Ech hun och meng Angscht verluer wi ech gemierkt hun, dat d'Prisonnéier net sou aanescht waren wéi ech. Heiandsdo grenzt een Menschen an Gruppen an, an et riskéiert een, d'Gruppen als inkompatibel wouer ze huelen, an eng Grupp iwwert di aaner ze stellen. Ech hun bei der Arbescht esou eng Grenz, déi ech mer selwer gezunn haat, iwerschratt.
Meng Zait an Ecuador huet mer och gehollef eng Richtung ze fannen, waat Zukunftspläng ugeet. D'Decisioun, no der Première e Volontariat ze maachen war mer deemols einfach gefall, well ech nach guer net wosst, waat ech gär wéilt studéieren. Daat Joer Paus vun der Schoul an Erfahrung als Bénévol géifen mer schon weiderhellefen mat där Entscheedung. Vill Leit waren der Meenung, ech kéint duerch déi Paus d'Loscht um Léieren an de "Rhythmus" vun der Schoul verléieren. Daat war awer net de Fall. Tatsächlech hun ech an Ecuador gemierkt, waat mech géif intresséieren an hun decidéiert, Anthropologie ze studéieren. Ech sin och lo motivéiert fir rem an d'Schoul, an d'Erfahrungen déi ech dest Joer gesammelt hun sin och secher wertvoll do.
Gewessen Zieler, déi ech firun der Rees definéiert haat, sin op alle Fall erfellt gin. Ech krut wierklech d'Chance eng aaner Kultur intensiv kennenzeléieren, intressant Menschen ze begéinen a vun hinnen ze léieren, Frendschaften ze schléissen an onofhängeg ze gin. Ech sin keen aaneren Mensch gin, daat wollt ech och net, mee ech fillen mech mi secher an raif.
Ech hun zu kengem Moment bereit, di Erfahrung gemaach ze hun an sin immens dankbar, dat ech daat erméiglecht krut. Ech kann just jidderengem empfehlen vum SVC (Service Volontaire de Coopération) ze profitéieren an ech soen Terre des Hommes, dem SNJ, Somos Familia an menger Famill villmools merci.